Microsoft Office Language Interface Pack 2010 – Lëtzebuergesch
De Microsoft Office Language Interface Pack 2010 – Lëtzebuergesch bitt eng lëtzebuergesch Benotzerinterface u fir vill Microsoft Office 2010 Programmen un.
Wichteg! D'Auswiel vun enger Sprooch ënnen ännert de ganze Säiteninhalt dynamesch op déi Sprooch.
Versioun:
1
Publizéierungsdatum:
20.12.2019
Fichiersnumm:
O14LipHelp-lb-lu.chm
languageinterfacepack-x64-lb-lu.exe
languageinterfacepack-x86-lb-lu.exe
Fichiersgréisst:
208.1 KB
15.1 MB
13.6 MB
De Microsoft Office Language Interface Pack 2010 – Lëtzebuergesch bitt eng lëtzebuergesch Benotzerinterface u fir:
- Microsoft Office Excel 2010
- Microsoft Office OneNote 2010
- Microsoft Office Outlook 2010
- Microsoft Office PowerPoint 2010
- Microsoft Office Word 2010
Ënnerstëtzt Betribssystemer
Windows 7, Windows Vista, Windows XP Service Pack 3
-
Eng Software ass néideg: All Gesamteditioun oder eenzel Kopie vu Microsoft Office 2010 déi eng oder méi vu folgenden Applikatiounen enthält: Excel, OneNote, Outlook, PowerPoint oder Word.
- Néideg Späicherplaz: Zousätzlech zu der Festplack-Späicherplaz déi benotzt gëtt vun den aktuellen installéierten Office 2010 Programmen, sinn 20 Megabytes (MB) Späicherplaz néideg.
-
Eng Software ass néideg: All Gesamteditioun oder eenzel Kopie vu Microsoft Office 2010 déi eng oder méi vu folgenden Applikatiounen enthält: Excel, OneNote, Outlook, PowerPoint oder Word.
- Fir dësen Download ze installéieren:
- Lued de LanguageInterfacePack.exe Fichier erof andeems Dir op de Knäppchen Eroflueden klickt (hei uewen) an de Fichier op Är Festplack späichert.
- Duebel-klickt op de LanguageInterfacePack.exe Programmfichier op Ärer Festplack fir den Installatiounsprogramm ze starten.
- Follegt den Instruktiounen op dem Schierm fir d'Installatioun ofzeschléissen.
- Wann en installéiert ass kann de readme Fichier fir Äre Microsoft Office 2010 Language Interface Pack op C:\Program Files\Common Files\microsoft shared\OFFICE14\LCID\LIPread.htm fonnt ginn
- D'Aktualiséierung vun Office 2007 mat dem Office 2007 Language Interface Pack oder enger Versioun vu virun Office 2010 mat dem Office 2010 Language Interface Pack ass net ënnerstëtzt. Wann Dir Är Basis-Installatioun vun Office 2007 op Office 2010 mat dem Office 2010 Language Interface Pack aktualiséiere wëllt, da misst Dir:
- Den Office 2007 Language Interface Pack desinstalléieren
- Office 2010 Installatioun ausféieren an d'Aktualiséierungsoptioun auswielen.
- Wann d'Installatioun vun Office 2010 ofgeschloss ass, installéiert a konfiguréiert den Office 2010 Language Interface Pack
- Wann Dir Problemer hutt de ganzen Installatiounscode op dem "Microsoft Office Activation Wizard" Dialog ze liesen, oder de ganzen Installatiounscode gëtt net richteg ugewisen wa Microsoft® Office Language Interface Pack 2010 gëtt, briecht w.e.g. den Assistent of a schalt op Äre Produit an Englescher Sprooch ëm fir Äre Microsoft Office Produit ze aktivéieren.
Aktivéiert Ären Office Produit:
Benotzungsinstruktiounen:
Fir Är Benotzerinterface op d'Sprooch vun dem Microsoft Office Language Interface Pack 2010– Lëtzebuergesch ëmzeschalten, maacht folgend Schrëtt:
- Start Microsoft Office 2010 Sproochepreferenzen vun Start\All Programmen\Microsoft Office\Microsoft Office Geschir Menu aus.
- Ënnert Affichage an Hëllefsproochen auswielen, ënnert Affichage-Sprooch wielt déi néideg Sprooch aus a klickt op den Als Standard festleeën Knäppchen.
- Ënnert Beaarbechtungssproochen auswielen, wielt déi néideg Sprooch aus a klickt op den Als Standard festleeën Knäppchen.
- Klickt op den OK Knäppchen.
Remarque: Hëllef kann net op de Microsoft Office Language Interface Pack 2010– Lëtzebuergesch ëmgeschalt ginn. Hëllef bleift ëmmer an der Sprooch vun Ärer originaler Installatioun.
Setzt ëmmer Är Affichagehëllef an dem Oprullmenu op d'Basissprooch fest.
Fir dësen Download ewechzehuelen:
-
Maacht Folgendes op Windows XP Home oder Professional Edition:
- Maacht all Programmen zou.
- Duebel-klickt op d'Ikon Programmen derbäisetzen oder ewechhuelen op dem Windows Kontrollpanneau.
- Klickt op Microsoft Office Language Interface Pack 2010 op dem Feld Aktuell installéiert Programmen , a klickt dann op den Ewechhuelen Knäppchen.
- Follegt den Instruktiounen um Schierm.
-
Maacht Folgendes op Windows Vista oder Windows 7:
- Maacht all Programmen zou.
- Duebel-klickt op d'Ikon Programmen a Funktiounen an dem Windows Kontrollpanneau.
- An der E Programm desinstalléieren oder änneren Optioun, klickt op Microsoft Office Language Interface Pack 2010– Lëtzebuergesch Op dem Feld Aktuell installéiert Programmen wielt dann d'Optioun Desintalléieren aus.
- Follegt den Instruktiounen um Schierm.
Wann Dir den Inhalt vum CHM-Fichier nom eroflueden net affichéiere kënnt, kënnt Dir folgend Schrëtt ënnerhuele fir den Affichage vun den Inhalter z'aktivéieren:- Maacht den Dossier op, an deen Dir den CHM-Fichier erofgelueden hutt.
- Rietsklickt op den CHM an am Menü deen erschéngt, wielt Eegeschaften.
- Am Onglet Allgemeng, klickt op den Deblockéieren-Knäppchen an klickt dann op den OK-Knäppchen.
- Duebelklickt op den CHM-Fichier an Dir sidd elo an der Lag seng Inhalter ze gesinn.