Trace Id is missing

Zesummefaassung vun den Ännerungen am Microsoft-Servicevertrag – 30. September 2023

Mir aktualiséieren de Microsoft-Servicevertrag, dee fir Äre Gebrauch vu Microsoft online Konsumenteprodukter a -servicer gëllt. Dës Säit bitt eng Zesummefaassung vun deene wichtegsten Ännerungen am Microsoft-Servicevertrag.

Fir all déi Ännerungen ze gesinn, liest wgl. de ganze Microsoft-Servicevertrag hei.

  1. Mir hunn an der Iwwerschrëft de Verëffentlechungsdatum op den 30. Juli 2023 gesat an den Datum, wou en a Kraaft trëtt, op den 30. September 2023.
  2. An der Sektioun "Är Privatsphär" hu mir d'Definitioun vun "Ären Inhalt" erweidert, fir Inhalt anzebegräifen, deen duerch Är Notzung vun eise KI-Servicer generéiert gëtt.
  3. An der Sektioun "Verhalenscodex" hu mir Text bäigefüügt, fir d'Aféierung vu KI-Servicer an d'Reegele fir hir Notzung ze behandelen.
  4. An der Sektioun "Notzung vun de Servicer a vum Support" hu mir eng Sektioun "Moderatioun an Duerchsetzung" bäigefüügt, fir dës Praktiken ze erklären a Benotzer zehëllefen, se besser ze verstoen.
  5. An der Sektioun "Service-spezifesch Bedéngungen" hu mir follgend Ergänzunge an Ännerungen gemaach:
    • Mir hunn eng Referenz op Dynamics 365 bäigefüügt, well Testumeldunge fir dëst Produkt iwwer Microsoft-Kontauthentifikatioun aktivéiert kënne ginn.
    • Mir hunn d'Sektioun "Bing-Plazen" geännert, fir d'Benotzerlizenzbestëmmungen ze klären, déi dem Produkt erméiglechen, seng funktionell Bedierfnesser z'erreechen.
    • Mir hunn eng nei Sektioun erstallt mam Numm "Microsoft-Späicher", déi souwuel OneDrive wéi Outlook.com ëmfaasst a Branding-Ännerunge reflektéiert. Dëst reflektéiert den aktuelle Status vun de Späicherquoten, wou Outlook.com-Unhäng elo esou wuel fir OneDrive Späicherquoten wéi och Outlook.com-Späicherquoten zielen. E Link op eng Säit mat méi Informatioun ass och disponibel.
    • Mir hunn d'Sektioun "Microsoft Rewards" klarifiéiert an zousätzlechen Text fir d'global Aféierung vum Programm dobäigesat, Support fir automatesch Registréierung vu Microsoft-Kontbenotzer an aner Programmännerungen dobäigesat, an Text fir zousätzlech Kloerheet ronderëm de Programm ze bidden.
    • Mir hunn eng Sektioun iwwer KI-Servicer bäigefüügt, fir verschidde Restriktiounen, d'Benotzung vun Ärem Inhalt an Ufuerderunge a Bezuck op d'Notzung vun de KI-Servicer opzestellen.
  6. An der Sektioun "Hiweiser" hu mir Ännerunge virgeholl, fir den Hiwäisstatus vu bestëmmte Lizenzen a Patenter ze aktualiséieren.
  7. An de ganze Bedéngungen hu mir Ännerunge gemaacht, fir méi däitlech ze formuléieren a Grammaires- oder Schreiffeeler oder Änleches ze verbesseren. Mir hunn och Nimm an Hyperlinks aktualiséiert.